Ateliers Dostert huet ugefaange mat aneren Firmaen zou Lëtzebuerg mei zesummenzeschaffen, esou goufen Deeler fir d‘Usine de Wecker hiergestallt, a mat den Ateliers Georges
vum Houwald hunn se déi éischt Plasmanitreieranlagen gebaut.
Datt déi 2ten Anlage direkt a Kanada geliwwert ginn ass, an haut nach ëmmer funktionéiert weist drop hin dat, daat de richtege Wee war. An de Joren no 1983, huet Ateliers Dostert dunn op der Hannover Messe ausgestallt, ganz bescheiden awer mat Succès. Bis haut schaffen se nach matt der Firma Rübig vu Wels an Éisträich zesummen, déi se do kenne geleiert hunn. Si liwweren Komponenten fir de Secteur vum Traitement de surface duerch Plasmanitruration, déi duerch d’Firma Rübig
weltwäit verkaaft ginn. Haut des Daachs fënnt en des Anlagen an Deeler, an der ganzer Welt, op dat Alaska, Australien, China, Süd-Korea, Japan, Amerika, Europa, Indien, Südamerika oder soss eng Plaz op der Welt, iwwerall gëtt et Anlage mat Komponenten vun Ateliers Dostert.
Si hunn och Monte-chargen a Monte-poubelles gebaut, ëmmer do wou kee Standard gepasst huet.